Chrëschtmaart beim Lakeside 22. an 23.12.2018

Den 22. an den 23. Dezember hate mir e Stand um Chrëschtmaart zu Iechternach beim Lakeside. De Site ass wonnerschéin an et war e léiwen heemelege Chrëschtmaart. Leider huet d’Wieder esou guer net matgespillt an et huet riicht era gereent. Mir waren awer gutt preparéiert an hunn Applejack, Panescher an Eisekuch verkaf. Samschdes hate mir awer gutt verkaf a mir soen all deene Läit déi de Wee bäi eis op de Stand fonnt hunn e ganz grousse Merci!! E grousse Merci och un eis Sponsoren an un déi Vedetten déi dem Reen an der Keelt getrotzt hunn!!

%d Bloggern gefällt das:
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close