Velosvedetten

Mallorca 7.4.2019 – 17.4.2019

Och dëst Joer ware mir am Fréijoer op Palma Vëlo fueren a genéissen. Mir si vill Kilometer gefuer, hu wonnerbar Aussiichte genoss, hu Platte gefléckt, hunn eise Pool an eise Whirlpool gutt genotzt, hu vun der Sonn profitéiert, …

Op eisem Programm stoungen Toure ronderëm Petra, Inca, Manacor, Coll de Sabatalla, de Küstenklassiker mam Puig Major an anere Collen, Sa Calobra a Cap Formentor.

Mir hunn eis ee Roudag gegënnt op deem mir e bësse Sightseeing gemaach hunn. Leider konnt de Grupp aus verschiddene Grënn ni ganz zesumme fueren, mee och des kleng a manner kleng Katastrophe konnten eis gutt Laun net bremsen. Well mir kenne just ee Gas an dat ass Vollgas!!!

Bis d’nächst Joer, Malle!!!