Bäi ganz schwierege Wiederkonditiounen – Reen, Loft, Keelt, Knëppelsteng, stiermesche Wand, etc – hunn sech d’Nadia an d’Vanessa duerch de Parcours vu Léck – Baaschtnech -Léck gekämpft. Alle béid hu gebass an duerchgehalen a sinn elo houfreg Finisher vun der Doyenne des Ardennes. Mir gratuléiere ganz häerzlech Nadia a Vanessa!!
Virum Start huet d’Nadia nach zwee Däkippler, den Decker an de Boden, begéint déi sech och duerch d’Wieder an de Parcours gekämpft hunn ouni opzeginn – Eis Felicitatioune Jungs.
