Velosvedetten

Mill-Man-Trail den 28. Abbrëll 2019 zu Iechternach

Mullerthal Cycling haten eis gefrot ob mir hinne kéinten an enger Buvette op hirem Mill-Man-Trail hëllefen, wat mir natierlech gär gemaach hunn. Mam Wieder haten si leider net vill Chance, trotzdem hunn eng 1.600 Mountainbiker den Depart geholl a sech op 40, 70 oder 100 km Trailen duerch de Mëllerdall gemaach.

Mir hunn déi gutt Stëmmung um Séi genoss!!! D’nächst Joer wäert hoffentlech d’Sonn nees scheinen.