Zesumme mat de Jungs vun der Däkipp an e puer vun eise Velosvedettesupporter si mir Mëttwoch den 1. Mee d’Randonnée Elsy Jacobs gefuer. Bäi wonnerschéinem Wieder hu mir eis op de Parcours gemaach. Déi eng haten et méi einfach, déi aner méi schwéier, mee wat mer all gemaach hunn ass een deen aneren ënnerstëtzen, bäissen bäissen bäissen a sou si mir zesummen ukomm.
