15.8. 4 Stonne Vëlo Grooljen

Mat ganz staarken Equippe ware mir zu Grooljen vertrueden: 2 Dammenequippen, 1 Supporterequipp mat 3 Supporter an 1 Equippe mam Rom a mam Frazer déi sech ofgewiesselt hunn.

De Frazer an de Rom hunn déi 5. Plaz overall erreecht mat enger extrem staarker Leeschtung!! Mir sinn houfreg op iech Männer!! Dat war e ganz staarke Statement!!

Eis Supporterequipp huet sech och immens gutt aus der Affär gezunn op deem schwéiere Parcours!!

D’Dammenequippen hunn eng 2. an eng 3. Plaz bäi den Damme erausgefuer. Hei huet nees all Vedette kräfteg Gas ginn.

D’Fotoe goufe gemaach vun eisem Supporter Thomas Kirsch deen en exzellenten Hobbyfotograf ass. Danke Thomas für die tollen Bilder.

%d Bloggern gefällt das:
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close