26. a 27. Juli 2019 24 Stonnë Velo Wëntger

Vum Freide 26. Juli bis Samschde 27. Juli 2019 gouf zu Wëntger 24 Stonne Vëlo gefuer fir de gudden Zweck. D’Velosvedettë ware mat ganzer 4 Equippe vertrueden – 2 Dammenequippen an 2 Supporterequippen.

Mir konnte bäi den Dammen eis 1. an eis 2. Plaz vum letzte Joer verteidegen. All Vedette huet fatzeg an d’Pedalle gedréckt an alles aus sech erausgeholl wat gaangen ass. Och am Schloreen hu mir eis net ënnerkréie gelooss an hunn Tempo gemaach.

Sou wéi d’letzt Joer hu mir och nees fir gutt Stëmmung um gesuergt.

Mir sinn houfreg op all Vedette an op all Supporter dee bäi dësem Event matgemaach huet an esou eis Equippe mat ënnerstëtzt huet.

%d Bloggern gefällt das:
search previous next tag category expand menu location phone mail time cart zoom edit close