Velosvedetten

Assemblée Générale den 12.02.2020

Den 12. Februar 2020 hate mir eis Generalversammlung am Hitch um Lampertsbierg.

Eise Comité ass e bëssen duergewierfelt ginn. D’Xenia an d’Carla hunn de Comité verlooss well si aner Aufgaben hunn déi méi wichteg sinn an d’Zäit hinne kapp gëtt. Merci fir ären Engagement an är Arabescht am Comité!!!

Als Neizougang am Comité begréisse mir d’Nadia Klopp.

De neie Comité setzt sech zesummen aus folgende Läit:
Liz, Nadia Dondelinger, Liette, Cherryl, Noémie, Myriam a Nadia Klopp.

Déi grouss Ukënnegung vum Owend war awer wuel déi vun eisen neie Sponsoren. Mir sinn houfreg d’Nimm vun Hektar Immobilière a vu Concept Partners op eisen Trickot’en ze droen.

Deemno gouf den 12. och déi nei Tenue vun de Velosvedetten a vun de Supporter vun de Velosvedettë virgestallt.

Mir konnten e schéine Réckbléck op eng wonnerbar Saison 2019 genéissen a freeën eis mat Iech op déi kommend Saison 2020.

Mir soen Iech all e grousse MERCI dat dir zu souvill komm sidd a mat eis duerno e Patt gedronk hutt an e Maufel giess hutt.